0%
Caution: JavaScript execution is disabled in your browser or for this website. You may not be able to answer all questions in this survey. Please, verify your browser parameters.

Matgestalltung vun der Zukunft an der Fuerschung iwwer Kriibsbehandlung Entscheedungen: Eng anonym Online-Ëmfro

AFÉIERUNG

Dir sidd agelueden, un dëser anonymmer Online-Ëmfro deelzehuelen, wann eng vun dëse Situatiounen op Iech zoutrëfft:

  • Dir gouft am Alter vu 65 Joer oder méi mat Kriibs diagnostizéiert an hutt Är Behandlung zu Lëtzebuerg ofgeschloss;
  • Dir sidd eng Pfleegepersoun oder e Familljemember vun engem Erwuessenen, deen ab dem Alter vu 65 Joer u Kriibs erkrankt ass;
  • oder Dir sidd eng medezinesch Fachkraaft, déi un Entscheedungen zur Kriibsbehandlung zu Lëtzebuerg bedeelegt ass.

Den Zweck vun de follgenden Informatiounen iwwer d'Studie ass et, Iech bei der Entscheedung ze hëllefen, ob Dir deelhuele wëllt.

Well dës Studie nëmmen eng eenzeg anonym Participatioun ëmfaasst, huet de Comité National d'Ethique de Recherche (CNER) bestätegt, datt dëse Projet vun enger voller ethescher Iwwerpréiwung befreit ass. Dës Befreiung soll awer net als Ureiz fir d'Participatioun gesi ginn; d'Participatioun un der Ëmfro bleift vollstänneg fräiwëlleg.

Och wann Dir net direkt vun Ärer Participatioun profitéiert, kann Äre Bäitrag déi zukünfteg Fuerschung iwwer Kommunikatioun an de Prozess vun gemeinsamen Entscheedungen an der Kriibsversuergung verbesseren.

WAT ASS D’Zil VUN DER STUDIE?

Zil vun der TDM-Café-Studie ass et fir d'Perspektive vun:

  • Erwuessenen am Alter vu 65 Joer oder méi déi Kriibs erlieft hunn,
  • vun hire Pfleegepersounen a Familljememberen,
  • souwéi vun de medezinesche Fachkräften, déi am Entscheedungsprozess vun der Behandlung involvéiert sinn, ze ënnersichen.

D'Studie konzentréiert sech drop, wat all Grupp am wichtegsten ass wann Entscheedungen iwwer d'Kriibsbehandlung geholl ginn, dobäi ginn Erfarungen a verschidde Perspektive beluecht, net onbedéngt déi medezinesch oder klinesch Resultater. Déi gesammelt Informatiounen hëllefen Fuerscher an Participanten, zukünfteg Fuerschungsprioritéiten iwwert den Oflaf vu Behandlungsentscheedungen fir eeler Erwuessener mat Kriibs mat ze gestalten.

WÉI GËTT D'STUDIE DUERCHGEFOUERT?

Wann Dir decidéiert un der Studie deelzehuelen, andeems Dir op de Knäppchen „Weider" klickt, fëllt Dir en anonymen Online-Froegebou aus. D'Froen bieden Iech Är Meenungen an Erfahrungen an Ären eegene Wierder ze deelen iwwer:

  • Äert Situatioun: ob Är Kriibserkrankung nom Alter vu 65 Joer ugefaang huet, oder ob Dir eng Pfleegpersoun, e Familljemember oder eng medezinesch Fachkraaft sidd.
  • Är Perspektiven zum Entscheedungsprozess bei der Kriibsbehandlung.
  • Worop sech déi zukünfteg Fuerschung an dësem Beräch Ärer Meenung no sollt konzentréieren.

Et dauert ongeféier 10 bis 15 Minutten, dëse Froegebou auszefëllen.

Dir sollt keng Informatiounen uginn déi Iech oder engem aneren identifizéiere kéinten (wéi Nimm, Gebuertsdaten oder Spidolsdetailer).

WAT GESCHITT MAT MENGE DONNÉEËN?

Är Donnéeë gi benotzt, fir Fuerschungsprioritéite fir zukünfteg Studien zum Oflaf vun Behandlungsentscheedungen vu Kriibs bei eeleren Erwuessenen ze identifizéieren a fir ze garantéieren dass déi aktuell Fuerschung effizient um Terrain ëmgesat gëtt.

Är Donnéeë ginn sou stockéiert: All Donnéeën déi Dir uginn hutt ginn op engem séchere Server vum Luxembourg Institute of Health op engem passwuertgeschützte Laptop gespäichert.

D'Donnéeë ginn fir follgend Zwecker benotzt:

  • Identifizéierung vu Fuerschungsprioritéite fir zukünfteg Studien zum Oflaf vun Behandlungsentscheedungen vu Kriibs bei eeleren Erwuessenen.
  • Schreiwen vun Artikelen a Publikatiounen an wëssenschaftlechen Zeitungen
  • Schreiwen vun Brochüren fir de Publik an interesséiert Acteuren
  • Presentatiounen op wëssenschaftleche Konferenzen.

Donnéeën aus dëser Studie ginn ausschliisslech fir Fuerschungszwecker benotzt an net fir kommerziell oder geschäftlech Zwecker.

VERTRAULECHKEET AN DATESCHUTZ

De Froegebou erhieft keng perséinlech oder gesondheetlech Donnéeën. Wann dir de Froebou agereecht hutt, sinn Är Äntwerte vun Ufank un anonym. Mir wëssen also net vun weem se kommen an dofir wäert et net méiglech sinn, Är Äntwerten ze läschen nodeem dem Froebou agereecht ass.

Den LIH wäert déi anonymiséiert Donnéeë fir mindestens 10 Joer no der Publikatioun vum leschten wëssenschaftlechen Artikel op senge secheren Servere späichere fir d'Iwwerpréiwung oder d’Reproduktioun vun de Resultater ze erméiglechen a sou zum wëssenschaftleche Fortschrëtt bäizedroen. Donnéeë ginn net an zukünfteger Fuerschung benotzt.

WÉIENG VIRDEELER HUET et UN DER STUDIE mat ze maachen ?

Är Participatioun ass fräiwëlleg. Dir hutt keng direkt Virdeeler mat Ärer Participatioun un dëser Studie. Dir kritt keng finanziell Entschiedegung fir Är investéiert Zäit. Är Participatioun ass awer wichteg, fir d'Ëmsetzung um Terrain vun aktueller Fuerschung ze ënnerstëtzen an fir zukünfteg Fuerschung zum Oflaf vun Behandlungsentscheedungen vun Kriibs zu Lëtzebuerg matzegestalten.

ÄR ENTSCHEEDUNG Mat ze maachen

Soulaang dir d’Ëmfro net areecht, kënnt Dir zu all Moment är Participatioun zréckzéien an d'Ëmfro net ausfëllen oder ofbriechen. No der Areechung kënnen är Äntwerten net méi geläscht ginn well d'Donnéeën anonymiséiert sinn an net méi mat Iech a Verbindung bruecht kënne ginn.

 

AVERSTÄNDNISERKLÄRUNG

  • Ech hunn d’Informatioune hei driwwer gelies a verstanen.
  • Ech verstinn, datt meng Participatioun un dëser Studie anonym a fräiwëlleg ass. No der Areechung vum Froebou sinn meng Äntwerten anonymiséiert a kënnen dofir net méi geännert oder zréckgezu ginn, well si op keng Aart a Weis méi mat mir a Verbindung bruecht kënne ginn.
  • Mir ass bewosst, datt meng Donnéeën an Zukunft net fir weider Studien benotzt ginn.

Andeems Dir op de folgenden Knäppchen klickt, confirméiert Dir, datt Dir dës Informatiounen gelies a verstanen hutt:

There are 6 questions in this survey.
Ce questionnaire est anonyme.

L’enregistrement de vos réponses à ce questionnaire ne contient aucune information permettant de vous identifier, à moins que l’une des questions ne vous le demande explicitement.

Si vous avez utilisé un code pour accéder à ce questionnaire, soyez assuré qu'aucune information concernant ce code ne peut être enregistrée avec vos réponses. Il est géré sur une base séparée où il sera uniquement indiqué que vous avez (ou non) finalisé ce questionnaire. Il n’existe pas de moyen pour faire correspondre votre code à vos réponses sur ce questionnaire.